Vum 15-18 Juli as Fest vun der Virgen del Carmen zu Paucartambo. Dest as dat greisst Fest vir eng Virgen wat sie feieren. Hoteler an Zemmeren sin all schon Meint virdrun ausgebucht, an mei wei 3 mol sou deier wei de Recht vum Joer.
Donneschtes as den Dia central, deen geet natierlech mat enger Mass un mat der Virgen del Carmen. Duerf as dess Deeg iwerfellt, sou natierlech dann och Kierch, Leit stoungen duerch ganz Duerf vir Mass ze lauschteren an Virgen ze begreissen.
All Dänz hun verschidden Kostümer an verschidden Nimm. Net egalwien dierf hei matdanzen, mee dat geet vun Famill zu Famill oder Anwunner vun Paucartambo. An Dänzer dierfen nemen soulang matdanzen wei sie allengsteend sin. Soubal se Kanner hun oder bestuerd sin dierfen sie net mei danzen.
Mettes as eng Prozessioun wou Virgen duerch ganz Duerf gedroen gett, begleed vun verschidenen Dänz. Op den Diercher an Balkonen vun der Platz vum Duerf setzen eng Art Kobolden an greiffen no der Virgen...
Pisac
Zu Paucartambo gett dat selwecht Fest vir dei selwecht Virgen gefeiert. Hei war ech Freides kuken, wou se dei verschiden Dänz opgefouert hun.
Virun 2 Wochen war ech mam Idalia, der Affekotin, an senger Famill op Quillabamba, an den Dschungel... dat hescht endlech war et vir 2 Deeg warm :)
Um Wee op Quillabamba waren mir zu Santa Teresa nach an Thermen... Mmmhhh... herrlech, an mega schein, Termen matzen an der Natur, teschend den Bierger an der ganzer Vegetatioun :)
Quillabamba as en klengt Duerf, net onbedengt turistesch, mee ganz schein... Hei sin mir bessen getreppelt an sie hun mir alles gewisen :) Dem Idalia sein Mann huet hei puer Joer geschafft an kennt Duerf auswenneg ;)
Vun Quillabamba kommen de greisstendeel vun den. Hei gin virun allem Citrusfriichten gezicht, wei Orangen, Mandarinen, Papaya an sou weider :) Wou mir do waren, war grad Saison vun den Mandarinen an Orangen, dat as absolut keen Verglach mat Dohem, an och net onbedengt mat Cusco...
Mir waren an sou eng Art Zoo. Mir geingen dat eichter Deierenquälerei nennen wei Zoo!!! Ganz schlemm. Et war sou knaschteg, an Deieren haten manner wei keng Platz ... War vir ze kreischen :(
Sou een Weekend kann ganz schein kuerz sin. Mir waren na kuerz an Schwemm eis ofkillen, an di lescht Wiermt geneissen ier mer eis op den Reckwee op Cusco gemat hun. Villmols Merci Idalia ;) war een scheinen Weekend
Vill vun ierch haten vir Chreschtdag en Don gemat vir den Kanner an Mammen vum Fraenhaus en Chreschtdag mat Menu an Cadoen ze ermeiglegen... Vun dessen Spenden waren nach emmer vill Suen iwereg... Seit Chreschtdag waren mir mat Helef vun dessen Spenden en Metteg mat de Kanner an de Kino, op een Dagesausflug an den Zoo mat all de Mammen an Kanner, etc... Mee lo wollt ech de Recht nach notzen vir eppes wat och nach do as wann ech lang rem Dohem sin...
An zwar hun ech fond, as et heisch Zeit gin vir eng Spillplatz bei der Casita... Zesummen mam Leierpersonal vun der Primärschoul dei bessen iwert dem Fraenhaus leit hun ech Ideen gesammelt an den Projet op Been gestallt. ...War op Sich no aalen Pneuen, hun mech emfrot wat Strukturen vir eng Schaukel, eng Wipp an eng Rutschbahn kaschten, war Farw, Zement an Steng kafen an hun mech puer mol mat den Profen getraff....Den Direkter huet gemengt Pappen helefen mam Beton etc...an lass!!
En Sonnden dun koumen all Pappen vun den Kanner aus der Schoul, den Direkter, Afekotin vun der Fundacioun mat hierem Mann (den Chef-Chantier) an ech zesummen an hun eng Spillplatz opgebaut... All hun se geholef de Recht Pneuen ze molen, Lächer ze gruewen an Gerüster souwei Pneuen anzebetoneieren.
Souguer gett et en Zebra an eng Giraffe op der Spillplatz... wou Kanner drop soutzen ier se ferdeg waren... :) Friem Deieren zu Cusco... en Hit...
Och wann, wei ze erwarden war am Peru, villes net gelaf as wei et sollt steet lo eng Spillplatz wou virdrun nemen eng eidel Wiss war... Ech hoffen Spillplatz waert eng Zeit sou weiderbestoen, gepflegt an ausgenotzt gin...
Ech mengen am Numm vun allen Kanner vum Fraenhaus an och vun der Primärschoul kann ech all deenen Merci soen dei matgeholef hun dessen Projet op Been ze stellen... Vir vill Kanner as desst dei eicht Spillplatz op daer sie spillen, dei eicht Keier dass sie schaukelen, eng Rutschbahn rofrutschen oder wippen.... Villmols Merci vir aer Don'en wou dier virun puer Meint gemat hudd, souvill mei wei nemen Chreschtdag hudd dier domat ennerstetzt an meigleg gemat... Villmols Merci
Fest vum Inti Raymi, d'Sonnenfest war deen wichtegsten Event zu der Zeit vun den Inka. Et as d'Fest vir hieren Gott, d'Sonn (Inti) ze feieren an hier Dankbarkeet duerzestellen. Seit 1944 feieren Cusquenier desst Fest erem all Joer den 24 Juni... mat typeschen Dänz, Musek, Participanten an natierlech dem Inka.
Dat ganzt fenkt moies geint 9 bei Qorikancha un. Hei versammlen sech Leit all ronderem den Templo del Sol an warden op den Inka an sein Gefolleg. Den Inka stellt sech uerwen op den Tempel sengt d'Lidd vun der Sonn an bied zu hierem Gott. Dono schwetzt hien, op Quechua, zu sengem Volek. Hien fuerdert sie op zesummen mat hinnen op Plaza de Armas weiderzegoen.
Zweet Statioun "Huakaypata" also Plaza de Armas. Dänzer kommen un, all an hieren traditionellen Kleeder, den Inka gett erangedroen... Hei stellt hien sech an Mett vun der Plaza op den "Sprangbuer". Desen as den ganzen Mount Juni emgebaut, an geseit aus wei eng Inkamauer mat uerwen engem Inka. Hei schwetzt hien mam Buergermeeschter, och op Quechua. An fuerdert duerno sein Gefoleg op mat weider op Saqsaywaman ze goen.
Dei lescht an greisst Festlechkeet gett zu Saqsaywaman gefeiert... Leider as et net einfach hei eng Platz ze fanenn wou een gudd geseit, eng Platz op den Tribünen as 100 Dollar... Also gett sech op en Bierg gequetscht an mat den Turisten gestridden...
Et gouf en Podest opgericht, an di 3 Deieren vun Cusco gin rop gedroen, den Puma, den Condor an Schlang... alles as dekoreiert... Trilogie Inka gett mat dessen 3 Deieren duergestalt, sie erzielt vun 3 Welten, 3 Niveauen. D'Schlang vir Ennerwelt, Lierwen nom Doud, Welt vun den Doudegen. Den Puma representeiert dei geignwärteg Welt also dei vun den Lierwegen Den Condor als Symbol vir Iwerwelt, Götter.
Lues an lues kommen Dänzer an Musek, hannert dem Bierg erfier an op Platz vun Saqsaywaman...
Hei gett elo Ceremonia central ofgehal... Den Inka gett op Platz gedroen, et as Musek an et gett vill gedanzt.... Während der Ceremonia gett enner anerem en Feier gemat vir dass den Gott d'Sonn eis vill Hetzt an Wiermt brengt, an desser kaaler Zeit. En gin Opfer bruecht, sou hun Inka zum beispill op dessem Dag en Lama geopfert vir hierem Gott sou Merci ze soen an dofir ze bezuelen dass hien esou zuvierkommend mat hinnen as.
Als Schlussgebied freet den Inka hier Götter, d'Sonn, d'aerd an d'Bierger em Ennerstetzung, Fridden an Fortpflanzung, dass Sachen weider gudd lafen, d'Iessen vir jidereen duer geet an et keng Hongersnout mei gett...
Zum Schluss zeihen se sech all zerek sou wei se komm sin... geuerdent an der Reih no gin se danzend zereck, Ruinen rop an verschwannen hannert den Bierger... Den Inka gett lanscht sein Folek gedroen an verschwennt och hannert den Ruinen...
Den 4 Juni war Fest vun Corpus Christi. Alt rem sou een impressionant peruanescht Fest... All Santoen an Virgen vun den verschidenen Distrikter vun Cusco kommen an den Centrum an Cathedral. Puer Deeg virdrun kommen dei eng ze Fouss bis an Cathedral, vun den Leit vun hierem Distrikt bruecht mat Musek an voller Freed. Anerer, dei vun mei weit kommen, gin eichter gefouert :) Donneschtes as dann Corpus Christi, Plaza de Armas as voller Leit an all Santoen an Virgen sin virun der Cathedral versammelt.
All Paschteier vun den verschidenen Distrikter sin komm, et as een vun deenen greissten catholeschen Fester. Den ganzen Rousenkranz gett duerchgehol, an et gett gebied... Bis Santoen an Virgen een nom aneren vun hieren Leit iwer Plaza gedroen gin, begleed vun festlescher Musek an traditionellen Dänz. Dei ganz Ceremonie dauert den ganzen Daag...
Immaculada Concepcion Santa Ana
Santa Barbara San Sebastian
San Cristobal
San Antonio Abad San Jeronimo
No der Ceremonie, gin se all zerek an Cathedral. Hei bleiwen se all eng Woch zesummen. Leit zielen: all Santoen an Virgen schlofen an der Cathedral, sie ennerhalen sech an beschwätzen hier Ungeleenheeten. Sie tauschen sech souzesoen ennerteneen aus. Deen Donneschten dono gin se all erem zerek an hier Distriker gedroen, mat baal genau souvill Musek an Opwand wei se komm sin...
Keen Visa bis August...also na een mol raus aus dem Peru, an ran an Bolivien...
Eischten Stop war Tiwanaku... Leider hat mein Bus alt rem Verspeidung an ech mist alleng duerch Ruinen vun Tiwanaku treppelen... war ganz schein, mee wier mei interessant gewierscht mat engem Guide an en bessen eppes iwer dei jeweileg Kultur gewuer zegin... Auf den Spuren des Tintin ;p haha
Ech war een Dag an den Chapare, op Villa Tunari. Dat leit un der Grenz zum Dschungel. Hei war ech zwee Parquen besichen. Deen eichten "Inti Wara Yassi" Parque, as eng Pflegestatioun vir Deieren an Nout oder mat Verletzungen. Et as alles op an Deieren sin frei, mat der Ausnahm dass no hinnen gekukt kann gin bis sie erem fit sin eraus an den Dscungel.
Um wee erop op den Mirador, kommen Aafen dier entgeint gelaf, setzen sech bei dech an sprangen ronderem... Pass nemen gudd op deng Sachen op... Soss as schnell deng Fläsch Wasser fort.
Hei hun ech en Deitscht Meedchen getraff, hat war mat sengem Papp ennerwee. Am Gespreich huet sech rausgestallt hat mecht och en Freiwellegenjoer, an zwar zu La Paz. Mir sin dun zesummen weider an den Parque "La Hormiga" gefuer...
War en scheinen Dag am Dschungel, vileit deen leschten vir dess Joer, dann war et en scheinen leschten Dag, mat feinen neien Leit an scheinen Deieren. Nom iessen hun mir eis dann op den Reckwee op Cochabamba gemat...
Ech hun während menger Zeit zu Cochabamba beim Salomé um Site vun der Fundacioun Cristo Vive gewunnt :) War schein Fundacioun hei kennenzeleieren, as dach ganz anescht wei zu Cusco. Merci vir deng Gastfrendlechkeet Saloommééé :)
Mir waren een Dag bei den Cristo...deen as effektiv guer net mat deem zu Cusco ze vergleichen ;) hahah rieseg... Anscheinend deen Greissten iwerhapt...
Mettwochs Owes sin ech op La Paz gefuer...an Moies frei ma gefruerenen Fensteren unkomm... Duercht net keint zuerch mei kaal sin wei zu Cusco...
Ech war moies op en Mirador, vir mir Stadt vun uerwen unzekuken...dat as zu La Paz schon zimlech impressionnant....
An dono natierlech bessen shoppen :) ....
An dun... DEATHROAD... Vue que dass Salomé mech 4 Deeg lang genervt an iwerried huet dei ze man, sin ech mech unmellen gang an hun direkt bezuelt, ier ech mir et rem anescht iwerleen :) Oh wat hun ech Schissss... Mee lo as ze speit...lasss...
As eppes wat ech normalerweis nie gemat haet, an wou ech zimlech Schiss virdrun haat...mee war gudd ;) hahaha also Merci Salomééé...
Samchtes moies hun ech mech dann rem Richtung Peru gemat, mat deem kribbelen am Bauch op se mech wuel rem ran lossen... Ech sin frou erem zerek "Heem" mee lo haat ech mech grad un meng Rees alleng duerch Bolivien gewinnt...
Haha an dei Peruanesch Logik waert ech wuel nie verstoen... op der Grenz resselt Fra kuerz de Kapp wou sie mein Pass an meng Stempelen kukt, emmer rem kukt se hieren Computer an da mein Pass...resselt nemen de Kapp... Ech denken schon ohh nee lo seet se eppes... mee sie hellt hieren Stempel, dreckt en weideren Peru-Drock an mein Pass an schreiwt en plus 90 drop... Dat muss mol een verstoen... :)
Sonndes zerek op Cusco...ech sin während dem Daag gefuer mat engem TuristenBus deen ennerwee stoen bleiwt an verschidden Sachen besicht... Idee war jo net schlecht, mee 10 Stonnen mat engem peruaneschen Guide deen net 5 minuten ophällt mat schwetzen...pfff... En plus mat 3 Letzeboier am Bus, ween haet dat geduet hahaha :))
Eichten Stop, Pukara... hei waren mer een Musee kuken, an vun hei kommen dei berühmten Steieren dei Leit op den Diecher vun hieren Heiser stoen hun....
Racchi as en Tempel vun den Inka, oder dat wat dovun nach iwerreg as...
An zum Schluss nach Kierch Andahuaylillas... vun bannen impressionnant....
War net schlecht meng Rees :) lo geneissen mer dann nach dei lescht Zeit zu Cusco....
Endlech as et virun gang mat eiser Bäckerei... No der Propse vir en Gitter ze entwerfen mat den Motiver vun der Fundacioun... huet Direktesch gemengt ech soll mech lo dorems kemmeren vir dei Fenster ferdeg ze kreien. Ech hun also mein Bild ofgin an den Herr huet gemengt jo dat keint hien man... Eng Woch mei speit huet et dun sou ausgesin :)
Mee natierlech kann dat lo net schwerz bleiwen :) Also lass, Farwen kaafen an lass unt molen...
no 2 Deeg molen huet et dann sou ausgesin :) Lo fehlt nach Glas an Vitrine hannendrun an dann geet et lass...
Wou dann bis Glas an der Fenster war an Vitrine hannendrun hun mir ugefang, fleisseg ze backen...
Zesummen mat den Mammen hun mir vun allem gebaack an verkaaf; Croissanten, Cocosnossbrout, Anisbrout, Maisbrout, Integralbrout, Yemabrout, Baguetten, Franseich Breidercher... Wow... verschidden Deeg hun mir iwer 300 Brout geback...an och verkaaf :) Leit kommen lo schon moies froen opet schon Brout gett, an froen no Croissanten wann et een Dag keng gin... ween haet dat geduet :) Mecht immens Spass, an nach mei ze gesin dass et sech top verkeeft.... an et as esou lecker!!!
Hoffentlech kann ech awa, wann ech weiderhin all Dag Brout backen, gleich keent mei iessen... Mmhhh...
Natierlech huet Mamacita drop bestan dass ech deen Dag iessen kommen, schliesslech as dat net egal weieen Dag... Sou dass ech Mammendag mat menger Mamm an der Mamacita gefeiert hun :)
Den 10 Mee war Mammendag zu Cusco. Dat as vir Peruaner een immens wichtegen Dag. Baal genau sou wichteg wei Ouschteren oder Chreschtdag, woubei se oft mol net wessen weini Pappendag as... Naja.... Op allen Fall waren dei Deeg virdrun Maart, wou een all meiglech Cadoen kont kafen. Et huet mir geschenkt wei Valentinsdag an Europa...alles war rosa an roud, mat Rousen, Schokola, Teddybieren, Taarten, Bijouxen an sou weider... Vun lauter Kitsch huet et vir mech bemol nemen nach rosa an rout geschimmert ... ganz schelm...
Mammen kruten gebastelt Blummen vun den Kanner geschenkt.
Dann lo nach eng Keier alles guddes Mamm :) lo as jo dann och Dohem Mammendag... Decken Kuss
Den Mount Mee as den Mount vun den Kreizer. Den ganzen Mount sin Fester vir dei verschidden Kreizer vun deenen verschidenen Geigenden vun Cusco. Kreiz gett dann vun deenen verschidenen Leit an dei Geigend gedroen, an gefeiert. Den 2 an 3 Mee war Fest vum Kreiz aus der Geigend wou ech gewunt hun...
Sie spillen Musek, danzen an hieren tyeschen Outfits, drenken an iessen. Kreizer sin all "ungedoen", also hun all en Gewand un, an ennerschiddlechen Farwen. Leit brengen Kerzen mat an fenken dei ronderem Kreiz un. Kerzen stin vir hier Famil, hier Frenn, an all dei Leit dei hinnen no stin oder vir dei sie bieden.
Den ganzen Mount bleiwen Kreizer ungedoen, op denen verschiddenen Platzen stoen.
Mett Mee hun mir dann nach en Fest gesin vum Fatima. Et war eng Mass, an Freedenfeier, wei emmer, Fatima as rausgedroen gin an typesch Dänz goufen opgefouert.
Hei as et sou dass dat Fest all Joer vun enger anerer Famil organiseiert gett. An op all Fest gin dei vir next Joer festgeluecht an kreien eng Schleif emgeluecht vun der Famil dei et dess Joer organiseiert.
Lescht Joer war ech, wei dier vileit nach wesst, 2 mol zesummen mat der Fundacioun an den Dschungel, op Patria, vir verschidden Talleren, Workshops, ze halen... Dess Joer ennerstetzt Fundacioun weiderhin Leit vun Patria mat hierer Escuela de padres- Elterenschoul. Ausserdem schaffen se desst Joer net mei nemen mat Patria, mee och nach mat der Gesellschaft vun Paucartambo, een klengt Duerf an den Bierger... Am Abrell war deen eichten Taller, an ech war zesummen mat der Direktesch, enger Psychologin an enger weiderer Matarbeschterin vun der Fundacioun dohin...
Als eicht waren mir op Patria. Wei schon dei lescht Keieren war Samchtes moies den eichten Taller, an wei dei lescht Keieren schon waren och vir dess Taller vill Elteren present. Am eichten Workshop wollten mir vun den Elteren selwer wessen wat sie sech vun eiser Helef erwarden, wat sie brauchen oder wellen. Thema vun desser Taller war also rauszefannen wat vir sie Valeuren sin, weieng sie kennen, weieng sie vun hieren Virfahren kennen an kruten, an weieng sie un hier Kanner weidergin, ausserdem och weieng Valeuren an hierem Duerf gellen an wichteg sin. Sie hun all gudd matgemat, iwer Thema nogeduet opgeschriwen, an zu all Valeur en klengt Stek virgefouert.
Nom Taller zu Patria haten mir en bessen Zeit, währenddems Psychologin an Eenzeltherapie war. Do waren mir en Cocal beischen :) Dat war schon zimlech impressionant, virun allem well et net ausgeseit wei Coca wann een lanschtgeet. Et as keen geuerdernt Feld wei mir dat kennen vun Vengerten op der Musel... Mee Cocabeem stin well duercherneen, Blieder vun verschidenen Greissten, Formen an ennerschiddlechen grengen Farwen. An fresch schmachen Bleider ganz anescht wei gedreschent. Een vun den Profen war mat eis an huet eis erklaert, wei sie Blieder ansammelen an se vir ze dreschnen mathuelen. Hien erklaert och dass et vill Drogenhandel hei gett, wei mir schon wossten. An dass Leit hier Coca oft leiwer un Cocainhandler verkafen wei hier Cocablieder um normalen legalen Handel ze verkafen, sou verdengen sie mei wei dat duebelt vir hier Coca, dat an engem Duerf wou Leit net vill hun an mechtens ganz Famil an engem Zemmer wunnt...
Sonndes Moies as et schon weider gang, op Paucartambo. En klengt, leift Duerf teschend Patria an Cusco an den Bierger. Hei schwetzen dei mescht Leit nach Quechua an hier Lierwensart an -weis as nach immens primitiv.
Hei sollten mir mat den Elteren vun den Spillschoulen an Primärschoulen zesummen schaffen. An dat an nemen 4 Deeg. Unzuel vun den Elteren an all Taller war heisch, teschend 190 an 400 Elteren pro Workshop... Mee Stemmung war gudd, wan och unstrengend an mir kruten während eisem gesamten Openthalt emmer rem gesot wei frou sie all sin dass mir dei Talleren halen kommen an Eenzeltherapie unbidden. Psychologesch Helef as hei an dessem Duerf, wei och zu Patria, onbedengt noutwendeg an net zougänglech...an daer kuerzer Zeit wou mir hei waren huet Psychologin probeiert souvill Fäll wei meiglech unzehuelen an ze bearbeschten, an huet oft bis speit owes Leit ungehol mee desst geet net duer een mol all puer Meint. Hoffentlech waert dat aenneren an der nächster Zeit...
Talleren zu Paucartambo waren dei selwecht wei schon zu Patria, an den Message war kloer weieng Themen sie behandelen wellen, wou hier Problemer leien an wou sie Hellef brauchen an wellen.
Alkoholismus, Drogen, Gewalt, Sexualiteit bei Mannerjähregen, etc... Sou dass dat dei Themen sin dei waerten an den nächsten Talleren behandelt gin.
Dei next Taller fent elo Enn Juni statt. Hoffentlech en bessen besser struktureiert an opgedeelt. Dass net mei eng Psychologin mat souvill Problemer alleng dohiner gescheckt gett. Mee dass se dei ganz Rees an Workshops besser organiseieren an opdeelen... Hoffentlech leieren sie mat der Zeit wei een dei Openthalter zu Patria an zu Paucartambo keint verbesseren...
Den Padre vun Paucartambo huet eis emmer herzlech an sengem Dohem opgehol, an eis mat warmem Kaffi an leckeren Brout vun Paucartambo versuercht... Villmols Merci :)