La psicomotricidad Den weekend war zu dessem Thema eng Formatioun vir Elteren, Profen an aner Professiounen wou mat Kanner schaffen. Den Profesor Marcelino Salinas huet Freides moies an senger Presentatioun virgestallt wat as Psychomotriciteit, wisou as se wichteg an wei kenne mir desst am Alldag mat den Kanner practizeieren. No der Theorie Freides, war dann Samchtes den Prakteschen Deel vun der Formatioun.
Zesummen mat verschidenen Mammen an Kanner waren mir dohin an hun eis dat ungekukt an matgemat. Unhand vun ganz banalen an aalbekanten Spiller huet hien gewissen wei een mat den Kanner hier Bewegung an hier Perceptioun kann traineieren.
Hei war et dann mol un den Mammen an um Personal vir ze spillen an sech rem wei en Kand ze fillen. Sou fällt et hinnen mei einfach sech an hiert Kand eranzeversetzen an desst besser ze verstoen. Speider sollen sie dess Spiller dann am Alldag mat hieren Kanner spillen. Duerch spillen leieren Kanner vill iwer hieren Kierper, seng Bewegungen an hier Perceptioun vun sech an hierer Emwelt.
Souzesoen war desst eng Erwuessenenweiderbildung. Vir ze leieren wei sie mat hieren Kanner spillen kennen, vir hinnen Ideen ze gin an ze weisen wei ganz normal Spiller den Kanner kennen esou vill beibrengen. Kanner, dei net un den virgefouerten Spiller konnten deelhuelen, hun sech allerdengs och gudd alleng amüseiert.
Dann probeieren mir dat an Zukunft mol emzesetzen wat mir op dessen Deeg geleiert hun...
Hei sin Afecoten, Comptabiliteit, Directioun wei Psychologuen. Versammlungen sin emmer hei, sierf dat Gruppenversamlungen oder Evaluatiounsversamlungen etc.
Ausserdeem schaffen hei Psychologuen, souwuel mat den Fraen an Kanner aus dem Fraenhaus, wei och mat den Männer oder Externe Fäll. Psychologesch Betreiung as vir Leit gratis, vir dass se och eng Chance hun dovun ze profiteieren. Mettwochs fannen och normalerweis Gruppentherapie-setzungen mat den Fraen aus dem Fraenhaus statt, wou sie och mussen drun deelhuelen. Ausserdem as desst dei offiziell an eenzeg bekannten Adress.
casa de abuelos
Vir eis wier dat en Altersheim an Pflegeheem zeummen. Et gin souwuel nach immens gudd äler Leit dei nach immens fit sin an och an den Arbeschten vum Haus helefen. Dann gin et awa och Leit dei immens krank sin an am Bett leien an och mei Pfleg brauchen. Een groussen Deel vun den Senioren hei huet keng Famil mei an vill vun hinnen schwetzen an verstin nemen Quechua. Haus as sou opgedeelt dass op der enger Seit Männer an op der anerer Seit Fraen hier Zemmeren hun. Den Moment schaffen hei och zwee deitsch Freiwelleger.
Llaquepata
Dessen Projet leit mei weit eraus vum Zentrum Cusco. Souzesoen an den Bierger, eng Provenz vun Cusco quasi. Et as een zimlecht klengt Duerf. Zwou Fraen vun der Fundacioun schaffen hei mat den Kanner. Den greissten Deel besteet aus enger Schoul. Awa geheieren och anner Sachen derzou, sou Preparatioun vum Mettegiessen an Zesummenschaffen mat den Elteren an Bewunner vum Duerf. Och hei schaffen den Moment zwee deitsch Freiwelleger.
Samchtes owes as hei sou eng Art Musekcours vir Kanner vun Llaquepata an den Dierfer ronderem. Een Prof kent all Samchten Owend erop an leiert Kanner Gitarre, Panflute oder aner Instrumenter spillen. Instrumenter kreien Kanner vun der Fundacioun geleint, den Elteren as et meechtens net meiglech sech Instrumenter vir Kanner ze leeschten. Desst as immens flott an Kanner hun Spass, an dobei kent nach dass sech dat ganzt schon richteg gudd unheiert.
Sonqo Wasi, casa de mujeres D'Fraenhaus wou ech dann den greissten Deel vun menger Zeit waert schaffen. Et huet Kapaziteit vir 15 Fraen opzehuelen. Wuelverstan emmer mat hieren Kanner. Den Moment sin 12 Fraen am Haus mat hieren Kanner, am ganzen den Moment 22 Kanner. Et gin Zeiten do sin et der mei an Zeiten wou et der och vill manner sin.
Fraen kennen 4-6 Meint am Fraenhaus bleiwen an sech an daer Zeit rem hiert Lierwen opbauen. Sech eng Arbescht sichen an Suen spueren oder och studieren wann dat meiglech as. Fundacioun helleft den Fraen vill vir eng Arbescht ze sichen, an och vir no der Zeit am Fraenhaus net op der Stross ze setzen.
Et gin och Fäll wou Fraen mei lang wei dei Zeit am Haus bleiwen. Dei Zeit wou Fraen schaffen gin, gin hier Kanner entweder an der Schoul oder am Fraenhaus versuergt, dess as ennerschiddlech an un den Alter vun den Kanner gebonnen. Nemen Beben huelen Mamen meechtens mat op Arbescht. Den Openthalt am Fraenhaus kascht sie neicht, wann sie bis Suen verdengt an gespuert hun kennen sie selwer hier Hygiene Artikel oder Schoulsacehn vir Kanner kafen.
Sie kemmeren sech selwer em den Haushalt. Dorenner fällt quasi alles wat un Arbeschten an Verantwortung am Haushalt unfällt. Sie sin verantwortlech vir hier Wäsch an natierlech dei vun hieren Kanner, sie kachen an suergen vir en ausgewogent Iessen, sie spullen an haalen hier Kichen propper, souwei och hier Zemmer. Desst leeft am Roullement, sou dass emmer een aneren mat kachen oder spullen drun as.
Am Laaf vun dessem Joer, waert ech dei verschidden Platzen wuel nach besser kennenleieren an ierch emmer rem nei Sachen kennen erzielen.
Geschter waren mir op de Maart. Alles kaafen wat vir eng Woch am Fraenhaus un Iessen gebraucht gett. Een vum Personal an eng Mamm an ech... Vir Verschiddenes hun sie hier Leit an gin emmer bei dei selwecht vir Uebst, Gemeis oder Keis... An Flesch gett dann kaaf wat vir dei Woch um Menuplang steet.
Et war impressionat, egal wou ech gekukt hun loung een aneren Kaap vun engem aneren Deier... Krass! An natierlech hun mir dann o na sou een Kaap kaaf, dobei na deen wou am schlemsten ausgesin huet... Eiieiieiii...
An zu mengem Gleck gett et dat da lo haut anscheinend ze iessen 😳
Leschten Weekend waren mir zu puer vun der Fundacioun an selva vir een Workshop mat den Elteren vun Patria ze man. Patria as een klengt Duerf, 6 Stonnen vun Cusco eweg an der selva, am Dschungel. Awunner haten bei der Fundacioun em Hellef em Ennerstetzung gefrot vir hinnen bei hieren sozialen an kulturellen Problemer ze helefen.
Pilcopata
Gewalt an der Famill as een Haptproblem. Meechtens wunnt eng ganz Famill op immens klengem Raum, oft engem Zemmer zesummen. Mat der Puberteit fenken dei meecht un ze experimenteieren, an dat ouni dei richteg Opklärung kritt ze hun, wouraus schleisst dass desst Joer schon mei wei een 13/14 jähregt Meedchen sein eegend Kand erward. Drogenproduktioun an -handel as en weideren Problem an desser Geigend. Vill Cocafelder, an Drogenatelieren wou dei Jonk no der Schoul matman vir Suen ze verdengen.
disecar la coca
Elteren wessen sech oft net ze helefen, meechtens well hinnen dei neideg Kenntnisser oder Methoden fehlen. An heiansdo vielleicht och well se den Problem net gesin oder net wellen gesin. Sou hun Awunner vun Patria d'Fundacioun em Ennerstetzung gefrot vir dei Problematik unzegoen. Fundacioun huet 5 Workshopen organiseiert vir zesummen mat den Elteren ennerschiddlech an noutwendeg Themen ze bearbeschten. Desst war deen 3ten Workshop, mam Thema „buen trato“. Ech war mat enger Psychologin an der Responsabel vum Fraenhaus dohin. Hei hun Elteren mei Infoen kritt weieng dei richteg Maneier as vir an der Famill an mat hieren Kanner emzegoen. Wourop sie oppassen sollen an wat wichteg as, hun sie unhand vun Theorie an Praxis konnten gesin an beileieren. Aner Themen sin zum Beispill Sexualiteit an wei sie hieren Kanner desst verständlech erklaeren kennen an hieren Kierper kennenleieren oder d'Rechter vun den Kanner, an Elteren. Et as esou opgebaut dass et op Problematik passt.
Elteren wenschen sech weider Ennerstetzung virun allem och dass Psychologuen keimen vir mat den Kanner an Jonken zesummen ze schaffen. Vir dei graveierend Problemer opzeschaffen an leieren ze verarbeschten. Fundacioun probeiert doropshin een Finanzemend ze fannen vir een weideren Projet opzestellen. Sou wier et eventuel meigleg dei Jonk weider ze ennerstetzen. Bis elo as leider na net gewosst wei.
Pacay
Nom Workshop haten mir dann awa och bessen Freizeit vir eis den Dschungel unzekuken. Mam padre aus dem Duerf nierwendrun sin mir mam Pick-up en bessen mei an den Dschungel erangefuer. Iwerrall nemen exotesch Planzen an Beem, an alles as greng. Immens schein, an immens warm. Mir waren op eng Platz kuken wou grad nei Heiser gebaut gin. Leider waren mir speit un an konnten net mei weit eran fueren an hun dofir och keng Deieren gesin, ausser Insekten, an dei waren net grad kleng...
Zesummen mat den Mammen an den Kanner vum Sonqo Wasi waren mir, wei baal emmer, Sonndes Moies an Mass. Nemen dass dat hei eng ganz besonesch Zeremonie war. An zwar zu Saqsaywaman, engem Deel vun Cusco. Anscheinend as desst eng Platz vun besonescher Energie, vill Gleweger reesen dofir heihin. Haut um dia de la paz as hei eng Zeremonie organiseiert vir den Frieden an der ganzer Welt ze „verdeelen“ an ze feieren. Leit aus aller Welt vun allen Religiounen waren present an hun deelgehol. Verschidden Gelweger hun an hierer Sproch an an hierem Glawen geschwat, gepriedegt. Et war impressionant ze gesin vun wou dei Leit all guer komm sin an wei stark hieren Glawen as. An virun allem dass sie desst all op eng aner Maneier man an awa all zesummen.
Zum Schluss as duerch een Feier, symbolesch den Frieden an der ganzer Welt verdeelt gin. Een nom aneren sin dei verschidden Nationaliteiten an Gleweger bei Feier gang an hun den Friden mat an hiert Land gehol. An desst alles virun der mega Kuliss vun Saqsaywaman. Wow... dat kann een sech bei eis nemen schweier enner Religioun virstellen.
Ech war unsech nach net vill duerch den Zentrum kuken, irgendswei war nach net allzevill Zeit dofir. Mee dei Haptplatzen hun ech dann awa schon gesin. Den Zentrum as immens schein, mee voller Turisten. Dem Ana Maria seng Schwester seet emmer et geing bis an Europa goen :)
Op all Eck eng Kierch, Bierger wou een hinkukt an Trafic wei mir en net gewint sin.
Als Turist probeieren sie dech ganz schein iwert den Desch ze zeihen, wei iwerrall huelen ech un. Sou mam Taxi, am Bus wei um Maart oder am Geschäft. Taxi kascht teschend 3 an 5 Soles, an bei touristen probeieren sie locker mol 10 S. ze froen... an souguer heiansdo wann ech mam Ana Maria ennerwee sin... Am Bus probeieren sie dier op dein 1 S. neicht mei erauszegin an um Maart stin sws neierens Preisser sie kennen dier also egal wat erzielen. Mee et as awa nach emmer imens preisswaert alles, dorun muss een sech mol bessen winnen. An alles schmacht immens gudd.
Ech hun mech eng Zeit net mei gemellt, sry as net emmer einfach, man mein bescht. Leider geseit meng Seit na emmer komesch aus, mee hun lo mol grad rausfond wei ech Fotoen derbeisetzen… Eieieii.
Also ech war mam Ana Maria lo schon op dei ennerschiddlechst Märt…
Vum Iessen, Uebst, Gemeis an 100 verschidden Sorten Gromperen, Medezinplanzen an Kreiden bis zu Kleeder, iwer Elektronesch Offeren wei Telen Computeren oder nemen Kabelen etc… also vun allem… Impressionant!!
Do as et net selten dass Flesch nach als ganz Deier do henkt, een Schwengskapp, en Poulet oder en Mierschwengschen geheiert derzou… an dann gett verhandelt…an dat wierklech bei allem. Souguer lierweg kritt een verschidden Deieren…an dei sin gefrot.
Oft hun sie Bekantschaften oder Frenn an gin nemen bei dei akafen.
An Preiser stin neierens, do freet een no an verhandelt mat der Mamita.
Ech hun mech seit Madrid net mei gemellt war net vill Zeit sry. An och net emmer Internet.
Sou, ech sin also gudd unkomm, alles bessen caothesch… zu Lima den Flieger verpasst well mein Gepäck net komm as, neien Flug gesicht… etc.
Mee dat kent mir schon vir wei wann dat eiweg hier wier. Op allen Fall sin ech gudd zu Cusco unkomm.
Meng Wunneng as ganz ok ;)
Ech hun Fundacioun kenenngeleiert. War am oficina an am Fraenhaus, war mat an eng Reunioun op Universiteit an hat schon eng Gruppen-reunioun, hun net alles verstann mee jo.
War och mat an “casa de abuelos” och ganz schein.
Meinden fenken meng Spuenesch Couren un, dann geet dat ganzt mol bessen vierun ;)
Haut kommen och dei anner Deitsch Volontairen un…
Zu Cusco…
Et as immmennnssss Kaaaallll… brrrr mee Sonn an bloen Himmel, wierklech schein. Et as eng Stadt mat vill Armut, mee Leit sin all immens open an leif.
Nach hun ech net wierklech den Iwerbleck iwer Strossen an Orienteierung mee dat wier och ze schein wann dat sou seier geing goen.
Haut um Samchten gin ech mam Ana Maria bessen duerch Cusco hat weist mir nach Supermarcheen an sou, an dono dei Deitsch sichen ;) ech sin gespaant, an sin frou bessen Gesellschaft ze kreien.
Ech wees ech hun ierch lo hei nemen vun mir geschriwen an sou, an weineg vun Peru oder vun der Arbescht. Dat kennt no, versprach.
P.S ech hun keng Letzeboiesch Nummer mei lo während deem Joer, mee eng Peruanesch 0051945527255 : dier kennt mir mengen ech urufen mee keng Smsen schecken. Mee Internet an Skype as trotzdem emmer nach mei einfach.
Haut war et dann souweit… groussen Depart um Findel vir een Joer an den Peru.
Dei lescht puer Stonnen waren net einfach, mein Mo huet sech vun Stonn zu Stonn mei gedreint an mir war emmer manner gudd, ech hun geziddert an meng Kneien waren wakleg. Pff…
Den Abschied um Findel war net einfach, vill Treinen.
Lo sin ech ennerwee, an lues an lues kommen ech dem Peru mei no.
Ech hun welles ierch hei op mengem Blog bessen um Lafenden ze halen wei et mir geet, wat ech man an wou ech sou drun sin während deem Joer.
Ech hun na net ganz eraus wei dat ganzt hei funktioneiert dofir geseit dat lo alles nach bessen kaal an no chantier aus… Ech waert mech domat an daer nexter Zeit beschäftegen an dei Seit mei aluedend gestalten. Versprach.