En zukünftegen Projet vum Sonqo Wasi besteet doran eng Panaderia, also eng Bäckerei opzemachen. Dat heescht souvill wei selwer backen an verkafen.Lescht Woch dann huet et geheescht:Also ech kann ierch verrodden bis elo waren se all einfah immens :)An vir dei eischt Proufwoch gudd ofzeschleissen huet Eva mir dann ganz iwerraschend en Pie de manzanas vir mein Gebuertsdag geback... :) Villmols Merci Eva...Dei next Woch hun mir weider probeiert... Vir dass et meigleg as mei Brout beieneen ze machen feelen ausser Ofstellmeiglegkeeten (Weenschen vir Plateauen) och nach aner Bäckermaterialien...Virun allem en "Uerwen" wou Brout dran kent ier et geback gett. Hei geet et mei schnell op an kann mei seier geback gin ouni dass et drechen gett. Bis lo war eisen leschten Versuch "Pan Wawa" ... Traditioun hei zu Cusco vir den 1. November ;)
0 Kommentare
Ech hun den Kanner aus dem Fraenhaus hannen an hierem Haff Spiller gemolt wei mir se schon emmer gespillt hun. Sie waren begeeschtert, an zu mengem Erstaunen hun souguer verschiddener dei Spiller, dei ech mat Kreid um Buerdem gezeechent hun, net kannt. Mettlerweil froen sie emmer rem vir dat Spill mat der Kreid ze molen an ze spillen. Sou einfach as dat...Dobei geseit et och nach dekorativ an schein aus, an mecht den Haff weinigstens vir puer Stonnen mei lierweg. |